Generalversammlung 2026
24th July 2026
FF Norden 02 Weiswampach-Hupperdange
De 17. Juli huet den FF Norden 02 op hir traditionell Generalversammlung an de Centre Culturel op Léiler agelueden. Virun engem gutt gefëllte Sall war et dem President Bresch Olli iwwerlooss, fir a senger Usproch ee klenge Réckbléck op d'Saison 2025/26 ze maachen.
No enger Gedenkminutt war et dunn um Freichel Jean-Claude, fir den neie Staff mam Trainer Behkane Naoufal, dem Co-Trainer Lang Benoit an déi nei Spiller vun der éischter Ekipp fir d'Saison 2026/27 virzestellen. D'Bild vun der Ekipp wäert sech änneren, well eng Partie Spiller opgehalen hunn oder studéiere ginn. Eis 1. Ekipp konnt d'Saison 2025/26 op enger formidabeler 4.Plaz ofschléissen. Ee grousse Merci an eisen «alen» 1. Ekipps-Trainer Majeres René a säi Co-Trainer Flick Patrick.
Aus dem Bericht vum Sekretär goung ervir, datt eng sëllege Versammlunge stattfonnt hunn an o soss eng Partie Veranstaltunge waren, wou den FF Norden 02 vertruede war, sief et d'Kiermes zu Wäiswampich, d'Sportleréierung am Lycée zu Klierf, Gespanntreffen, etc...
Als Vertrieder vun der Jugendkommissioun goung de Bertemes Carlo op d’Resultater vun den eenzelne Jugendekippen an. D'Trainere vun den eenzelnen Ekippe goufe virgestallt/ernimmt. Merci gesot kruten, déi Traineren, déi no der Saison 2025/26 opgehalen hunn. Ee grousse Merci goung un d'Gemeng Klierf, déi am Ufank vun der Saison 2025/26 de Belag um syntheeteschen Terrain zu Reiler erneiere gelooss hunn, soudatt hei lo rëm voll kann trainéiert ginn.
Aus dem Bericht vum Caissier Theis Steve goung ervir, datt de Veräin d’Saison 2025/26 mat engem Defizit ofgeschloss huet. D’Jugend huet nach wie vor ee positiivt Caisse-Resultat virgewisen. De Kommitee vum FF Norden 02 ass sech bewosst, datt mir hei virsichteg musse sinn déi nächst Joren. Eist Zil soll a muss et sinn, datt déi nächst Jore rëm méi Jugendspiller kënnen an déi éischt Ekipp integréiert ginn, wéi dëst de Moment de Fall ass.
An den Usprooche vun de Gemengevertrieder vu Wäiswampich, Neckel Polfer, a Klierf, Georges Keipes, goungen des op d'Erfolleger vun de Jugendekippen an an hu sech op dësem Wee, fir déi wäertvoll Aarbecht bedankt, déi am Veräin geleescht gouf. De Vertrieder vun der Klierwer Gemeng goung nach eng Kéier op den neien Terrain zu Reiler an an och op d'Investitiounen, déi an der Zukunft nach sollen nokommen, wéi een Ënnerstand/Vestiaire beim Terrain zu Reiler an och nei Infrastrukturen zu Hëpperdang beim Terrain.
Zum Schluss vun der Versammlung war et de Vertrieder vun der Jugendkommissioun iwwerlooss, fir de Spiller mat de meeschten Trainingspräsenzen pro Kategorie an der Jugend ze éieren. Si kruten ee Pullover bzw eent Brettchen mam Logo vum FF Norden 02 offréiert.
Bei engem klenge Patt an engem Maufel gouf des Versammlung dunn dono ofgeschloss
Fotograféiert vum Sam Rickal
