Naoufal Behkane gëtt vun der nächster Saison un Trainer vun eiser 1. Ekipp
5th May 2026
FF Norden 02 Weiswampach-Hupperdange
Nodeems de René Majeres annoncéiert hat, no der Saison als Trainer vun eiser 1. Ekipp opzehalen, war den FF Norden 02 op der Sich no engem Successeur.
De Comité ass frou eech mam Naoufal Behkane den neie Mann um Trainerstull kënne virstellen.
De 30 Joer ale Marokkaner/Belsch wunnt zu Baaschtnech an huet haut säi Kontrakt ënnerschriwwen. Den Naoufal Behkane war virdrun ënner anerem Co-Trainer vun der 1. Ekipp zu Rodange an Hueschtert, donieft och Jugendtrainer bei der Escher Jeunesse.
Wëllkomm beim FF Norden 02!
